Firwat bal zwee Drëttel vun den A.s.b.l.‘en hir Statute nach net an d‘Rei gesat hunn?

Pressemitteilung

Veröffentlicht am 24/10/2025


Gutt ee Mount no dem Stéchdatum wou d’Associatiounen hätten hir Statute missen a Konformitéit zum Gesetz vum 7. August 2023 bréngen, läit nach ëmmer villes am Uergen an der Veräinswelt.

Zwee Drëttel, deemno 66% vun bal 8.000 Associatioune sinn net konforme. Dat ass eng Zuel déi erschreckend wierkt, zwee Joer nodeem d’ Gesetz gestëmmt ginn ass

D’ Motivatioun war wuel gutt gemengt. De Groupe d' Action financière (GAFI) hat fest gestallt dass de Lëtzebuerger Finanzen zwar seriös kontrolléiert géifen, mee iwwert d’ONG ’en an d’Asbl ‘en trotzdeem Zommen an d’ Ausland ouni weider gréisser Kontrolle hätten transferéiert kënne ginn. Fir dem entgéint ze wierken ass d’ Gesetz vum 7. August 2023 iwwert Asbl ‘en an d’ Fondatioune vun der Regierung um Ënn vun enger Legislaturperiode gestëmmt ginn.

Wann dëst Gesetz och gutt fir d’ Renommée vun de nationale Finanzen ass, sou bréngt et dach vill vun eise Veräiner an Laberenten.

Vill Obligatioune an e juristeschen Opwand de fir vill kléng Veräiner oft onverständlech ass. D’ Gestioun vun de Finanzen ass dobäi och net méi einfach ginn. Et ginn am Gesetz e puer Krittäre vun deene zwee wärend op mannst zwee Joer erfëllt musse sinn, ier eng sou genannte kléng Associatioun an de nächste Stadium kennt an zur mëtteler Associatioun gëtt, mat alle Konsequenzen wat d’ Komplexitéit vun hirer Comptabilitéit, ab de Moment dann “en partie double” ugeet.

Ass dat een Affront fir déi Leit déi jorelaang mat dobäi waren a sech “dat do” net méi wëllen undoen, oder eng Precautioun fir dass eis Veräiner net an de Verdacht vum Blanchiment solle kommen? Dës Fro steet am Raum, mee mir sinn iwwerzeegt dass zum Beispill ee Fëscherclub léiwer fësche wëll a net rechnen.

Weit aus ustrengender awer sinn déi juristesch Konsequenze beim Upassen vun de Statute. Dat huet fir all Veräin gegollt. Komplizéiert an oft ze bürokratesch ass Prozedur beim Dépôt vun de neie Statute empfonnt ginn. Hei a bei de Krittäre den d’Associatioune an d’ Kategorie kleng, mëttel a grouss klasséiert brauchen mir dréngend eng Ännerung.

D’ Gesetz vun 2023 huet sécherlech seng Justifikatioun, mee d’ Krittäre déi dran stinn sinn dréngend ze iwwerschaffen. D’ Agence du Benevolat begréisst op alle Fall dass sech lo ee Comité inter-ministeriell zesumme setze wëll an d’ Gesetz vum 7. August 2023 iwwert Asbl ‘en an d’ Fondatioune nach eng Kéier op de Leescht huele wëll.

An der Tëschenzäit steet d’ Agence du Bénévolat de Veräiner op der Hotline weider zur Säit. Eise Jurist steet Iech all Mëttwoch vu 14 bis 16 Auer um 26 12 10 80 fir Är Froen iwwert d'Gestioun vun enger Associatioun a Statuten zur Verfügung.

Marc THILL – President Agence du Bénévolat

 

Contact presse:

Marc THILL, Président de l ’Agence du Bénévolat a.s.b.l

Tel. : (+352) 621 263 503
E-mail : marc.thill@benevolat.lu

 

Anne HOFFMANN, Chargée de Direction de l ’Agence du Bénévolat a.s.b.l

Tel. : (+352) 26 12 10 70
E-mail : anne.hoffmann@benevolat.lu