Aktuelles

D’Agence du Bénévolat sicht eng/ee Chargé(e) de mission (m/w) CDI – 20 Stonnen/Woch

Zusammen leben Alle Freiwillige

Veröffentlicht am 15/07/2024 durch


Wëlls de hëllefen eis Gesellschaft duerch de Benevolat ze stäerken a méi liewenswäert ze maachen?

Aert Aarbechtsgebitt:

- Entwéckelen, koordinéieren a begleede vun Initiativen an Servicer, déi aus den „Assises du Bénévolat“ 2023 zum  Theema Benevolat fir d’Einsamkeet bei eelere  Mënschen ze bekämpfen, ervirgaange sinn

- Opbau a Gestioun vun engem Pool vu Benevollen, déi am Kader vu verschiddenen niddregschwellege Servicer punktuell kënne agesat ginn

 - Entwécklung an Ëmsetze vu Konzepter am Beräich vun der Fräiwëllegenaarbecht mat Entreprisen (corporate volunteering) 

Profil:

Ø Ausgepräägt sozial- a Kommunikatiounskompetenzen, 

Ø Erfarung am Projetsmanagement an exzellent organisatoresch Fäegkeeten 

Ø D‘Beherrsche vun der lëtzebuergescher, englescher a franséischer Sprooch. 

Ø D’Fäegkeet ze presentéieren, ze representéieren an ze iwwerzeegen 

Ø Teamaarbecht an Eegeninitiativ 

Ø Kenntnis vum Lëtzebuerger Veräinswiesen ass e Virdeel. 

Ø B-Fürerschäin an en eegenen Auto 

D‘Positioun gëtt am Aklang mam SAS-Kollektivvertrag, Carrière C6, remuneréiert.

Schéckt Är Kandidatur zesumme mat engem Motivatiounsschreiwes, engem Liewenslaf an enger Kopie vun den Ofschlossdiplomer, bis spéitstens den 2. August 2024 un d‘Dr. Martine Mergen, Präsidentin vun der Agence du Bénévolat a.s.b.l., u contact@benevolat.lu

www.benevolat.lu