Aktuelles

Mir sichen 1 Chargé(e) de mission Bénévolat (m/w) (CDI vun 20 Stonnen d'Woch)!

Veröffentlicht am 15/07/2026 durch Agence du Bénévolat


D'Agence du Bénévolat sicht no Ënnerstëtzung bei der Fërderung a Promotioun vum Benevolat zu Lëtzebuerg.

Zënter 2002 setzt sech d’Agence du Bénévolat dofir an, de Benevolat an all seng Formen a Facetten ze fërderen. D’Agence ënnerstëtzt d’Veräinsliewen a vertrëtt d’Interesse vun de Benevollen an de Veräiner.

Är Missioun:

  • Fërderung a Promotioun vum Benevolat zu Lëtzebuerg duerch Sensibiliséierungs- an Informatiounsaktivitéiten.
  • Entwécklung an Ënnerhalt vu Partnerschafte mat Gemengen, Veräiner an aneren Acteuren, ­ fir de Benevolat op lokalem Niveau ze stäerken.
  • Ënnerstëtzung vun der Ekipp bei der Planung, Organisatioun a Realisatioun vun den Aktivitéite vun der Agence.
  • Virbereedung an Duerchféierung vu Presentatiounen an Atelieren iwwer déi verschidde Forme vun Engagement.
  • Matwierken un der strategescher Entwécklung vun der Agence, inklusiv der Entwécklung vun neie Servicer, Konzepter a Kooperatiounen.

Äert Pro­fil:

  • Exzellent sozial- a Kommunikatiounskompetenzen.
  • Erfarung mat dem Lëtzebuerger Veräinsliewen an dem Benevolat.
  • Gutt Kenntnisser an den offizielle Sprooche vum Land souwéi dem Engleschen.
  • D’Fäegkeet ze presentéieren, ze representéieren an ze iwwerzeegen.
  • Flexibilitéit bei den Aarbechtszäiten (geleeëntlechen Asaz am Owend oder de Weekend).
  • Ofgeschlossent Héichschoulstudium (min Bachelor).
  • B-Fürerschäin an en eegenen Auto.

Wat mir bidden:

  • E motivéierend Aarbechtsëmfeld mat gesellschaftlechem Impakt.
  • Kreativ Fräiheeten an eng equilibréiert Work-Life Balance.
  • De Poste gëtt nom SAS-Kollektivvertrag, Karriär C7, remuneréiert.

Schéckt Är Kandidatur zesumme mat engem Motivatiounsbréif, engem Liewenslaf an enger Kopie vun den Ofschlossdiplomer bis spéitstens de 14.08.2026 op benevolat@benevolat.lu

Agence du Bénévolat

Seit 2002 hat es sich die Agence du Bénévolat zur Aufgabe gemacht, das ehrenamtliche Engagement in Luxemburg bei Organisationen, die auf ehrenamtliche Tätigkeiten zurückgreifen, der breiten Öffentlichkeit und den staatlichen Behörden zu fördern und zu entwickeln.

Lesen Sie auch

Bleiben Sie auf dem Laufenden

Regelmäßig unsere besten Artikel sowie Informationen über unsere nächsten Veranstaltungen und Schulungen in Ihrer Mailbox.