APEMH

Gemeinsam Fräizäit verbréngen an erliewen ! – mir sichen engagéiert Benevollen

APEMH

Soziales (Gesundheit/Solidarität/Integration) Junge Menschen (18 -30 Jahre) Erwachsene

Ziel der Mission

Dir wëllt Är Fräizäit sënnvoll asetzen an nei Erfarunge sammelen ? Dir hutt Loscht, Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung an hirer Fräizäit ze begleeden a gemeinsam Momenter ze erliewen ? Ob jonk oder jonk bliwwen – bei eis ass jidderee wëllkomm a mir freeën eis iwwert Äert Engagement.

Esch-sur-Alzette
01/07/2025 an 30/09/2025

Regelmäßiger Einsatz

Sprachen
Deutsch Französisch Luxemburgisch
Fern Mission
Nein
Zugänglich für Person mit eingeschränkter Mobilität
Ja
Gewünschte Verfügbarkeit
Nach Bedarf

Beschreibung der Mission

D'Fondatioun APEMH siicht fir hire Service Aktiff zu Esch/Uelzecht, engagéiert Benevollen, déi Loscht & Zäit hunn, jonk & manner jonk Mënsche mat Beanträchtegung bei verschiddenen Fräizäitaktivitéiten ze begleeden.
De Service Aktiff bitt fir eng ronn 70 Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung all Mount eng ofwiesslungsräich Fräizäitprogrammatioun un – ob an den Theater, en Ausfluch an d’Natur, eng gemeinsam Visitt am Musée
oder e Fussballsmatch zu Esch – all Aktivitéit a Renconter zielt an ass wichteg!
D’Léit, déi un den Aktivitéiten deelhuelen si selbstänneg a kommen autonom op d’Aktivitéiten.
Wat Dir matbrénge sollt:
• Freed am Kontakt mat Mënschen,
• Oppenheet, Empathie an Zouverlässegkeet,
• Interessi u gemeinsamen Aktivitéiten an der Fräizäit.

Wat mir bidden:
• Eng sënnstëftend Tätegkeet mat vill perséinlechem Austausch,
• Eng Assurance wärend den Aktivitéiten,
• Eng individuell Begleedung an Aféierung,
• Neies zesummen entdecken & Inklusioun liewen.

Mëllt Iech gär bei eis a gitt Deel vun eiser Equipe.
Mir freeën eis drop Iech kennenzeléieren!

Unsere Verpflichtungen

  • Freiwilligenvereinbarung
  • Freiwilligenversicherung
  • Schulung
  • Personalisierte Unterstützung

APEMH

L’APEMH est une association luxembourgeoise créée en 1967 par des parents d’enfants vivant avec un handicap intellectuel. Depuis plus de 50 ans, en tant qu’association créée par des familles, nous plaçons la qualité de vie des personnes en situation de handicap intellectuel au coeur de nos actions.