Well dir eis Equipe mat ären Kommunikatiounskompetenzen ënnerstëtzen bei der Sensibiliséierung vun der Gesellschaft fir de Benevolat?
Är Roll:
· Ënnerstëtzung bei der Sensibiliséierung vun der Gesellschaft fir de Benevolat
· Ausschaffe vun enger editorialer Strategie fir eis verschidden Zilgruppen a Kommunikatiounskanäl
· Gestioun vu Kommunikatiouns-Campagnen
· Kreatioun an Iwwersetzung vu Contenu fir all eis Kommunikatiounskanäl (Digital a Print)
· Support bei der Organisatioun vun Evenementer
· Duerchféiere vu Presentatiounen
· Animatioun (Contenu, Video) a Weiderentwécklung vun der Plattform benevolat.lu
Äre Profil:
· Dir hutt ausgepräägt Sozial- a Kommunikatiounskompetenzen
· Dir kennt Iech mat soziale Kommunikatiounskanäl a Webmarketing aus
· Dir hutt fléissend Sproochkenntnisser, geschriwwen a geschwat, an den offizielle Sprooche vum Land an och am Engleschen
· Dir kennt Iech mat de gängege Grafik-Programmer aus (Photoshop, InDesign)
· Dir hutt en Diplom am Marketing, Kommunikatioun oder änleche Beräich (Bac +3)
· Dir hutt ee B-Fürerschäin an en eegenen Auto
· Kenntnis vum Lëtzebuerger Veräinswiesen ass e Virdeel
D‘Positioun gëtt am Aklang mam SAS-Kollektivvertrag, Karriär C6, remuneréiert. 40 Stonnen / Woch.
Schéckt Är Kandidatur zesumme mat engem Motivatiounsbréif, engem Liewenslaf an enger Kopie vun den Ofschlossdiplomer bis spéitstens den 18. Oktober 2024 un Dr. Martine Mergen, Präsidentin vun der Agence du Bénévolat a.s.b.l., u contact@benevolat.lu