Association Thérapie Equestre

Persoun mat gudden Informatikkenntnisser

Association Thérapie Equestre

Santé Social (Santé / Solidarité / Intégration) Enfants (3 – 12 ans) Adolescents (12 – 18 ans) Adultes

Objectif de la mission

Mir siche fir an de Verwaltungsrot vun der A.T.E., oder als externe Beroder, eng Persoun, déi Zäit a Loscht huet fir sech benevoll an eiser Asbl. ze engagéieren, déi gutt informatesch Kenntnisser huet,

Mondercange
01/02/2025 au 01/05/2025
Langues
Allemand Luxembourgeois
Mission à distance
Non
Accessible aux PMR
Oui
Disponibilités souhaitées
Selon les besoins

Présentation de la mission

Mir siche fir an de Verwaltungsrot vun der A.T.E., oder als externe Beroder, eng Persoun, déi Zäit a Loscht huet fir sech benevoll an eiser Asbl. ze engagéieren, déi gutt informatesch Kenntnisser huet, an sech ëm Follgendes këmmere kann :
• Update a Gestioun vun eisem informatesche Material besteeënd aus Apple Ekipementer (MacOS an iOS)
• Gestioun vun eisen aktuellen an zukünftegen informatesche Systemer, Begleede vun der Mise en Place vu Software, zum Beispill vun enger Plattform fir de Partage vu Fichieren
• Berodung am Hibléck op kreativ IT-Léisunge fir d’Besoine vun der A.T.E. ofzedecken
• Berodung bei der Mise en Place vu käschteneffizienten a benotzerfrëndlechen Hardware- a Software-Léisunge fir d‘Besoine vun der A.T.E. ofzedecken, am Respekt vun der Informatiounssécherheet a vum Dateschutz
• Begleedung vun de Mataarbechter vun der A.T.E. bei IT-Problemer bzw. Froen zu den informateschen Outilen
• Begleedung a Berodung bei der Kommunikatioun a Verhandlung mat externe Prestatairen

Association Thérapie Equestre

Association Thérapie Equestre asbl a pour objet la thérapie équestre et avec des animaux de ferme pour enfants et adultes présentant des troubles physiques, mentaux, comportemental ou socio-émotionnel.