Culture Living together Leisure Young people (18 - 30 years) Adults Seniors
+352 621 160 330 | 5 rue de Consdorf , 6551 Berdorf
Chorale Berdorf-Consdorf
D’Chorale Berdorf-Consdorf – zesumme sangen, zesumme erliewen
Am Joer 2013 hunn d’Chorale Sainte Cécile vu Consdorf an d’Chorale Mixte vu Berdorf decidéiert, hir Kräften ze bündelen. Ënnert der Leedung vun hirem gemeinsame Dirigent Daniel Lang prouwen si zesummen, triede gemeinsam op a feieren och als Equipe – ënnert dem Numm Chorale Berdorf-Consdorf. Dobäi bleift all Veräin onofhängeg mat sengem eegene Comité an Identitéit.
Eise Repertoire ass villfälteg a lieweg: vu kierchleche Gesäng bis zu weltleche Stécker. Mir begleeden déi grouss Feierdeeg wéi Chrëschtdag an Ouschteren, sangen op Hochzäiten a Begriefnesser a ginn och Concerten. Optrëtter am Centre Kuerzwénkel zu Konsdref, am Centre „A Schmadds“ oder am Amphitheater Breechkaul zu Bäertref sinn ëmmer nees besonnesch Momenter – genee wéi eis Ausflich iwwer d’Gemengegrenzen eraus.
Sangen mat Freed, laachen zesummen – esou kléngt eis Ambiance. Hei gëtt zesumme geléiert a virun allem mat Häerz gesongen. Eise Dirigent Daniel Lang ass dobäi eng richteg Inspiratioun: mat sengem Enthusiasmus a sengem musikalesche Know-how weess hien jiddwereen ze motivéieren an ze begeeschteren.
Dat Bescht: Jidderee kann matmaachen!
Du brauchs keng musikalesch Ausbildung an och keng Noutekenntnisser – just Loscht um Sangen an e bëssen Zäit.
🕗 Prouwen: all Mettwoch ( ausser Vakanz, oder emdisponéiert bei Feierdeeg) vun 20:00 bis 22:00
📍 De Moment zu Bäertref am Centre „A Schmadds“
Heiansdo ginn et zousätzlech Prouwen, virun Concerten.
Hues du Loscht, Deel vun enger flotter Equipe ze ginn an d’Freed um Sangen mat eis ze deelen? Da komm einfach laanscht, schwätz eis un oder maach mat – mir freeën eis op dech!
Eis Projet'en fir 2026:
27.06.2026 : Summerconcert mat Assiette: 1. Deel: Concert 2. Deel Witzer, Sketcher, Lidder mam Vollék, Solos, klenge Grupp vu lëschtegen Lidder
18.12.2026: Concert zu Echternach zesumme mam Basilikachouer an Estro Armonico am Kader vun " Singende, klingende Basilika "
Mir sangen zesummen weltlech a kirchlech fir déi 2 Gemengen Consdorf a Berdorf , genau esou wéi d'encadréieren vu festlechen Gottesdengschter a Massen.
Gesicht gin emmer nei Leit déi Loscht um Sangen hun an de Stemmen : Tenor, Bass, Sopran an Alt
Viraussetzung as dass dir an de Sprochen Letzebuereg, Franz, Englesch iech zurecht fand.
Nouten muss e keng kennen, e gudd Ouer a Loscht um Sangen as Viraussetzung.
Eisen Dirigent as e jonken an dynameschen Mann vun 33 Joër , den Daniel Lang. Vu Beruff Professor am Conservatoire Letzebuerg, Pianist an Dirigent.
5 rue de Consdorf , 6551 Berdorf
+352 621 160 330
https://chorale-berdorf-consdorf.lu