Groupe Folklorique Vallée des Sept Châteaux Mersch (V7C Mersch)

Groupe Folklorique Vallée des Sept Châteaux Mersch (V7C Mersch)

Culture Adults Seniors

+352 621 135 444 | 26 Rue du Ruisseau , L-4499 Limpach Reckange-sur-Mess

Follow

Tanzen Luxemburgische Volkstänze die auf der nationalen Liste des immateriellen Kulturlebens der UNESCOLëtzebuerger Volleksdänz, dat heescht traditionell Lëtzebuerger Dänz - wat kéng wëssenschaftlech Bezeechnunge soll sinn -, ginn erhalen duerch erfuerschen, prouwen, opféieren a weiderginn.

Presentation of our organisation

Dem Mierscher Folklorgrupp Vallée des Sept Châteaux ass et wichteg dat immateriellt Kulturlierwen (Intangible Cultural Heritage) ze erhalen a weider ze vermëttelen. D’Volleksdänz, déi gewise ginn, stamen aus dem spéide Mëttelalter bis Enn vum 19. Joerhonnert a sinn hei zu Lëtzebuerg an der Ëmgéigend, dem fréieren Herzogtum Lëtzebuerg, gedanzt ginn. Déi meescht vun den Dänz stamen aus dem 18. an dem 19. Joerhonnert.

De Mierscher Folklorgrupp versicht ënnert dem moderne Slogan Lët'z Folk (Lëtzebuerger Folklor) des Dänz sou authentesch wéi méiglech virzedroen.

De Grupp ass 1952 bei der Gelegenheet vun engem historeschen Emzug zu Miersch gegrënnt ginn.

Et waren Dänz, déi op de Bauerekiermesse gedanzt goufen, wéi de Karschnatz oder de Stréinen Hunn. Anerer goufen um Haff gedanzt oder kommen aus der Bourgeoisie, wéi déi ronn oder véiereckeg Maclotte. Op der Kiermes ass beim Danze geflirt ginn an och gestridden, sou zum Beispill an der Valse Rosse. D’Jongen hunn imponéiert an d’Meedercher hu verfouert. Um Numm vu verschiddenen Dänz héiert ee wou se hierkommen, wéi d’Maclotte d’Hâbièmont oder de Contredanse de Bastogne. Am Programm sinn och Kannerdänz, déi haut nach an der Grondschoul geüübt ginn, wéi de Schleek oder de Siwesprong. De Folklorgrupp huet eng 25 Dänz a sengem Repertoire. Déi meescht Figuren an den Dänz si mëndlech iwwerliwwert ginn, a gi vu Regioun zu Regioun verschidden opgefouert.

D'Kostümer si Reproduktiounen déi op Basis vu Recherche vum Historiker Alain Atten erstallt goufen. Et sinn traditionell Kleeder aus dem 18. Joerhonnert.

Den Uschloss un d'CIOFF®, den Internationale Conseil d'Organisatioun vu Folklor Festivallen a Folk Arts, huet den Dänzer d'Méiglechkeet gi fir déi gréisste Volleksfester vun der Welt a méi wéi 40 Länner, als Vertrieder vun der eelster Form vum kulturelle Liewe vu Lëtzebuerg, ze besichen. Am Retour ware méi wéi 35 Natiounen Gaascht zu Miersch. De Grupp ass elo mat der CIOFF® International duerch d'UGDA, der Union Grand-Duc Adolphe verbonnen.