News

Neit ASBL-Gesetz - Informatiounsversammlungen

Education / Training Adults Organisations

Published on 04/03/2025 by Agence du Bénévolat


Fir Iech bei der Konformitéit mam Gesetz vum 7. August 2023 iwwer d’ASBLen an d’Stëftungen ze hëllefen, stelle mir Iech eng Rei praktesch Ressourcen an Informatiounen zur Verfügung.

Dir hutt nach Froen zum neien ASBL-Gesetz an der Upassung vun Äre Statuten? 

1. Dir fannt hei all wichteg Dokumenter: en Erklärvideo, e praktesche Guide, eng FAQ vun de leschten Informatiounsversammlungen… 

  • Loi du 7 août 2023 sur les asbl et les fondations. (Dokument)
  • Guide pour la mise en conformité de vos statuts avec la loi sur les ASBL du 7.08.2023 (Dokument)
  • Questions fréquentes (FAQ) sur la mise en conformité des statuts avec la loi du 7.08.2023 (Dokument)
  • D’Statute fir Associatiounen déi virum 01/05/2016 gegrënnt goufen a wou keng Ännerunge gemaach goufen, kënnen am Archiv vum Memorial C um Site vum RESA ouni Login gesicht a consultéiert ginn: Link
  • Déi, déi no dësem Datum gegrënnt goufen oder Ännerunge gemaach hu kann een um RESA och ouni Login sichen: Link

2. Amplaz Är al Statuten ëmzeschreiwen, huelt d‘Virlag hei drënner fir se nei ze schreiwen – dat ass oft méi einfach:
Statuts : (modèle de document) (Dokument)

3. Wann Dir nach Froen zum neien ASBL-Gesetz hutt oder Dir onsécher doriwwer sidd, wéi Dir Är Statute konform dem neie Gesetz upasse kënnt, da kommt laanscht op eng vun de 4 Informatiounsversammlungen zum neien ASBL-Gesetz, organiséiert vum Familljeministère an der Agence du Bénévolat a Presenz vum Familljeminister Max Hahn:

  • Méindes, de 17. Mäerz am Centre Atert zu Bartreng
  • Donneschdes, de 24. Abrëll am Hall-O zu Déifferdeng
  • Mëttwochs, den 21. Mee am Sall "Agora" am Trifolion zu Iechternach
  • Dënschdes, de 17. Juni am Centre Culturel "Al Schmelz" zu Stengefort

-> Ëmmer ab 19 Auer

All Versammlunge sinn op Lëtzebuergesch
La traduction en français est assurée.
Zu Stengefort wäert et och eng Iwwersetzung op Gebäerdesprooch ginn.

4. Fir all weider Froen, gëtt et ab dem 19. Mäerz eng Telefonshotline (26 12 10 80). All Mëttwoch vu 14 Auer bis 17 Auer äntwert e Jurist vun der Agence du Bénévolat op Är Froen.

Vidéo explicative sur la mise en conformité avec la loi sur les ASBL du 7.08.2023

Agence du Bénévolat

Since 2002, the Agence du Bénévolat's mission has been to promote and develop volunteering in Luxembourg among organisations that call on volunteers, the general public and the public authorities.

Read also

Journée du Bénévolat 2024 : hommage aux héros invisibles du quotidien

Animals Culture Education / Training Humanitarian help Health Social (Health / Solidarity / Integration) All audiences Volunteers

À l’occasion de la Journée Internationale du Bénévolat, l’Agence du Bénévolat a mis en lumière la diversité et l’impact profond du travail bénévole, illustrant de manière éloquente comment l’engagement individuel peut enrichir durablement la vie des personnes.

"Ech si Benevole" Campaign – An invitation to get involved

Animals Culture Education / Training Health Social (Health / Solidarity / Integration) All audiences Volunteers

The « Agence du Bénévolat » launches the "Ech si Benevole" campaign, aiming to inspire people from all backgrounds to discover the diverse opportunities of volunteering and actively participate in initiatives that strengthen our social community.

Benevolat.lu is evolving!

Living together All audiences Organisations

Discover the latest developments of the benevolat.lu platform to strengthen the search and management of volunteers for associations.

The Agence du Bénévolat, with the support of the Ministère de la Famille et de l'Intégration, is pleased to be renewing its multilingual campaign to raise awareness of volunteering, "Schenk deng Zäit / Donne ton temps / Give your time / Schenk deine Zeit", from mid-November to mid-December.

Stay informed

Regularly, our best articles as well as information on our next events and trainings in your mailbox.