
L'Agence du Bénévolat
Depuis 2002, l'Agence du Bénévolat s'est donné pour mission de promouvoir et de développer l'engagement bénévole au Luxembourg auprès des organisations qui font appel au bénévolat, du grand public et des pouvoirs publics.
Actualité
Publié le 04/03/2025 par L’Agence du Bénévolat
Fir Iech bei der Konformitéit mam Gesetz vum 7. August 2023 iwwer d’ASBLen an d’Stëftungen ze hëllefen, stelle mir Iech eng Rei praktesch Ressourcen an Informatiounen zur Verfügung.
Dir hutt nach Froen zum neien ASBL-Gesetz an der Upassung vun Äre Statuten?
1. Dir fannt hei all wichteg Dokumenter: en Erklärvideo, e praktesche Guide, eng FAQ vun de leschten Informatiounsversammlungen…
2. Amplaz Är al Statuten ëmzeschreiwen, huelt d‘Virlag hei drënner fir se nei ze schreiwen – dat ass oft méi einfach:
Statuts : (modèle de document) (Dokument)
3. Wann Dir nach Froen zum neien ASBL-Gesetz hutt oder Dir onsécher doriwwer sidd, wéi Dir Är Statute konform dem neie Gesetz upasse kënnt, da kommt laanscht op eng vun de 4 Informatiounsversammlungen zum neien ASBL-Gesetz, organiséiert vum Familljeministère an der Agence du Bénévolat a Presenz vum Familljeminister Max Hahn:
-> Ëmmer ab 19 Auer
All Versammlunge sinn op Lëtzebuergesch.
La traduction en français est assurée.
Zu Stengefort wäert et och eng Iwwersetzung op Gebäerdesprooch ginn.
4. Fir all weider Froen, gëtt et ab dem 19. Mäerz eng Telefonshotline (26 12 10 80). All Mëttwoch vu 14 Auer bis 17 Auer äntwert e Jurist vun der Agence du Bénévolat op Är Froen.
Depuis 2002, l'Agence du Bénévolat s'est donné pour mission de promouvoir et de développer l'engagement bénévole au Luxembourg auprès des organisations qui font appel au bénévolat, du grand public et des pouvoirs publics.